top of page

Wie sinn ech?

Ech freeë mech, meng Rees vun der Transformatioun mat Iech ze deelen!

​

​

Mäi beruffleche Parcours huet viru 14 Joer an der Fonction publique zu Lëtzebuerg ugefaangen. Ech hunn e puer Joer als Chargée administrative an 3 Joer als Chargée de projets um Ministère fir d'Famill, d'Integratioun an d'Groussregioun geschafft.

 

Allerdéngs huet mäi Liewen eng ganz onerwaart Richtung ageschloen, no engem Gesondheetsvirfall 2015 am Zesummenhang mat der Gebuert vu mengem zweete Kand. Dësen Trauma, dee mäin Alldag beanträchtegt huet, huet mech dozou beweegt, eng ënnerlech Rees unzetrieden a mäi Wee a Richtung perséinlech Entwécklung a Geescht-Kierper-Approchen (Bodymind-Approchen) anzeschloen. Ech hunn deemools gespuert, dass ech dee kierperlechen Trauma, deen ech erlieft hat, a meng Emotiounen, déi ze laang ënnerdréckt waren, erfuerschen an integréiere misst. 

 

Am Abrëll 2022 hunn ech meng éischt Breathwork-Seance wärend engem Seminär vun zwee Deeg an der Tierkei, zu Istanbul erlieft. Dës bewosst Otemtechnik huet meng Séil déif beréiert. Ech war begeeschtert iwwert d'Kraaft vun der transformativer Otemtechnik. Dës Erfarung huet mech dozou bruecht, d'Kraaft vum Otem bekannt maachen an deelen ze wëllen.

 

Am Juni 2022 hunn ech mech un der Medezinescher Fakultéit vun der Kathoulescher Universitéit vu Louvain an der Otemweeër-Anatomie weidergebilt.
 

Am Oktober 2022 hunn ech meng Kompetenzen erweidert an eng Ausbildung als Breathwork-Praktikerin an der Tierkei, zu Istanbul, gemaach.

Mat Leidenschaft fir transformatiivt Ootmen a fest entschloss, meng Liewensaufgab ze liewen, déi dora besteet, dat weiderzeginn, wat ech erlieft an iwwerstanen hat, hunn ech weiderhin dat bewosst Ootmen erfuerscht.

SE5A6312.JPG
SE5A6339.JPG
SE5A6300.JPG

​

No engem Seminär op perséinlechem Niveau a Frankräich am Mäerz 2023 hunn ech mech beim Joël Jego* zu Praktikerin ausbilde gelooss. De Breathwork Respire Plus ass eng aussergewéinlech Method, duerch déi ech meng emotional Belaaschtung, meng Liewensprüfungen an Traumaen integréieren, meng Gesondheet a mäi Wuelbefanne verbesseren an den Ausdrock vu mengem Potenzial steigere konnt.

​

 

Yeliz Yorcu, zertifizéierte Breathwork-Coach

​

 

​

* Joël Jego, Breathwork-Coach a -Formateur, Grënner vu Respire Plus a vun 2014 bis 2020 Vertrieder vu Frankräich bei der International Breathwork Foundation (IBF).

Photos by Ebru Emek Diatta

Gitt op meng Websäit, fir erauszefannen, wéi och Dir vun der Kraaft vum Ootme fir en erfëllte Liewe profitéiere kënnt!

 

" There is a voice that doesn't use words. Listen."


Rumi

bottom of page